Wat ee Kabes…

Zesummen hu mir haut d´Recolte vum Kabes gemaach. Jiddereen huet eng Hand mat ugepaakt an kräfteg am Dëppe gestampft. Mat e bësse Peffer-, Moschterkären, Salz, Zocker, Wacholder a Lorbeerblieder verfeinert, muss d´Sauermous elo 6 Woche laang gären.